Publié le 15 février 2023

Miersch TV - Emissioun vum 15/02/2023

Miersch TV - Emissioun vum 15.02.2023.mp4 from Local Lux TV on Vimeo.

An der Emissioun vum 15. Februar huele mer Iech fir unzefänke mat op d'Seniorefeier. All Leit vun iwwer 65 Joer waren invitéiert a si si mat Iessen, Drénken a flotter Musek esou richteg verwinnt ginn.

Am zweete Reportage geet et ëm den Denkmalschutz. D'Kulturministerin Sam Tanson an déi Responsabel vum INPA waren op Miersch komm fir den Inventar virzestelle vun deenen Objeten, déi an der Mierscher Gemeng sollen national geschützt ginn. Bis den 1. Mäerz kënnt der nach är Remarken zu deem Inventar areechen.

Merci fir d'Kucken !


guichet
Klima
mc_hp
KLIMAAGENCE_LOGO_RGB_SITE
letzshop-logo
mobilite-logo
fairtrade gemeng
LOGO_PacteClimat_FR
LOGO_PacteNature_FR