Evénement

Publié le 08 septembre 2024

2024-09-07 22:00:00+00:00 09:30 11:30

Prozessioun bei d’Bildchen zu Rolleng

Rosenkranz
Partager

Informations générales


08.09.2024

09:30 - 11:30

Rue Bildchen, Rolleng


Prozessioun a Mass op den Dräibueren zu Rolleng


Depart: Moies um 09h30
Treffpunkt:
01, rue Bildchen, Rolleng
Ufank Mass:
10h30 op den Dräibueren (bei guddem Wieder; bei schlechtem Wieder an der Kierch zu Rolleng)

D'Frënn vum Rollenger Bildchen, de Parrot an de Gesank vu Rolleng invitéieren op déi traditionell Feier op den Dräibueren. D'Prozessioun féiert laanscht d’Lorei bis bei d’Dräibueren a geet da weider erop bei d’Bildchen. Dëst symbolträicht Kräiz mat der Opschrëft „1891 De’ Rollenger a schwe’erer Zeit -1941“ erënnert un d’Zäiten, wou d’Gemeinschaft an den Zesummenhalt eng besonnesch Wichtegkeet haten.

D'Mass gëtt ënnert fräiem Himmel ofgehalen a vum Mierscher Paschtouer Felix Steichen gefeiert. Hei bidde mir eng besënnlech Atmosphär, déi ideal ass, fir an der Rou a Besënnung d’Zesummekommen ze genéissen.

E BLÉCK OP D’GESCHICHT

Wärend der Okkupatiounszäit war d’Plaz um Rollenger Bildchen fir vill Leit e wichtege Refuge. Wou Leed an Trauer, déi si duerch déi schwéier Zäit getraff hunn, hei Trouscht an engem Gebied oder duerch d’Ufänke vun enger Käerz fonnt hunn. E besonnescht Beispill ass de gleewege Resistenzler Emile Laux, deen, kuerz viru senger Verhaftung duerch d’Gestapo, op dëser Plaz Kraaft an Trouscht gesicht huet.


guichet
Klima
mc_hp
KLIMAAGENCE_LOGO_RGB_SITE
letzshop-logo
mobilite-logo
fairtrade gemeng
LOGO_PacteClimat_FR
LOGO_PacteNature_FR