Publié le 30 novembre 2022

Miersch TV - Emissioun vum 30/11/2022

Et muss net ëmmer nei sinn, kéint een d'Emissioun vun Enn November iwwerschreiwen ! Fir d'éischt weise mer Iech déi restauréiert Uergel an der Mierscher Kierch. D'Uergel aus dem Joer 1956 ass vun der Firma Hugo Mayer souzesoe ganz nei gemaach ginn an si gouf dann och kierzlech ganz feierlech, mat engem Concert vun den Organiste Luss Steffen a Carlo Philippe ageweit. Och wéi nei sinn déi Vëloen a Kleeder, déi der an den zwee neie Butteker vu CNDS Nei Aarbecht zu Miersch fannt. Dës Geschäfter, wou der och äre Vëlo gefléckt kritt, goufe viru kuerzem a Presenz vun der Ministesch Corinne Cahen ageweit. An am leschte Reportage bleiwe mer bei gebrauchte Kleeder, déi der no der Pandemie-Paus elo erëm zweemol d'Joer um Second-Hand vun de Jeunes Mamans vu Miersch fannt. Op de Chrëschtmaart komme mer dann de 15. Dezember zeréck an da weise mer Iech och Biller vum Dag vum Bam. Merci fir d'Nokucken a bis geschwënn zu Miersch !


guichet
Klima
mc_hp
KLIMAAGENCE_LOGO_RGB_SITE
letzshop-logo
mobilite-logo
fairtrade gemeng
LOGO_PacteClimat_FR
LOGO_PacteNature_FR