Publié le 15 décembre 2022

Miersch TV - Emissioun vum 15/12/2022

De Chrëschtbam an d'Buch, also de Bam, net dat fir ze liesen, stinn an dëser Emissioun am Mëttelpunkt Endlech no 2 Joer war erëm ee richtege Chrëschtmaart : Ouni Masken, ouni Covid-Check, ouni Restriktiounen a mat Kleeschen. An de Mierscher Chrëschtmaart, deen ëmmer méi grouss gëtt, war erëm ee risegen Erfolleg. Um Dag vum Bam, kréien déi Neigebueren aus dem Joer virdrun (also 2021) ëmmer ee Bam gesat. Dës Kéier war et eng Buch, an déi steet zu Rolleng. Miersch TV wënscht Iech schéi Chrëschtdeeg a mir gesinn eis Silvester fir déi lescht Emissioun vun 2022 mat engem Réckbléck op dat ganzt Joer.


guichet
Klima
mc_hp
KLIMAAGENCE_LOGO_RGB_SITE
letzshop-logo
mobilite-logo
fairtrade gemeng
LOGO_PacteClimat_FR
LOGO_PacteNature_FR