Publié le 15 mai 2023

Miersch TV - Emissioun vum 15/05/2023

Miersch TV - Emissioun vum 15.05.2023 from Local Lux TV on Vimeo.

An de Bësch an an d'Schwämm huele mer Iech an der Emissioun vu Mëtt Mee mat :

- D'Schwämm um Krounebierg huet viru kuerzem deen Zwou-Milliounste Visiteur begréisst a bei där Geleeënheet och nach déi nei Vëlo-Wäschstatioun, déi bei der Schwämm steet, ageweit.

- Am Bësch bei Schëndels war déi traditionell Lietsch, eng Holzstee mat awer och vill Ambiance, Iessen an Drénken. Mir hunn d'Stee an d'Ambiance fir Iech a Biller resuméiert. 

Am Agenda invitéiere mer Iech op d'Final vun der Coupe de Luxembourg am Futtball, wëll den FC Marisca huet sech sensationell fir déi Final qualifizéiert. E puer Biller vun der Halleffinall géint Munneref hu mer dann och um Enn vun dëser Emissioun fir Iech.

Dem FC Marisca wënsche mer vill Erfolleg fir déi Final an Iech soe mer ee grousse Merci fir d'Kucken.


guichet
Klima
mc_hp
KLIMAAGENCE_LOGO_RGB_SITE
letzshop-logo
mobilite-logo
fairtrade gemeng
LOGO_PacteClimat_FR
LOGO_PacteNature_FR